Uleedung: Ad Account uleeën
- An Facebook/Meta aloggen
- Gitt op business.facebook.com a logged Iech mat Ärem private Facebook-Account an.
- Business Settings opmaachen
- Am lénkse Menü ënner Business Settings fannt Dir all d’Astellungen.
- Ad Account erstellen
- Gitt op Ad Accounts → Add → Create a new Ad Account.
- Gitt en Numm, Zäit-Zon a Wärung un.
- Wielt „This ad account will be used for my business“.
- Bezuelmethod dobäisetzen
- Am Menü ënner Payment Settings eng Kreditkaart oder aner Bezuelmethod derbäisetzen.
- Instagram-Account verbannen
- Ënnert Business Settings → Instagram Accounts Ären Instagram-Account derbäisetzen.
- Fäerdeg!
- Elo hutt Dir en aktiven Ad Account a sidd prett, fir beim Workshop matzemaachen.