Koordinator/in Marketing & Kommunikatioun (tëschent 50% an 100% CDD)

20 (Minimum) bis 40 Stonnen/Woch | Miersch | Befriste Kontrakt (CDD 1 Joer)

Den Office Régional du Tourisme Guttland (ORT Guttland) sicht, fir sou séier wéi méiglech eng Persoun fir ee Congé Parental ze ersetzen.

Är Aufgaben

  • Planung, Koordinatioun an Ëmsetzung vu Kommunikatioune fir touristesch Offeren a Projeten.
  • Betreiung, Fleeg a Weiderentwécklung vun der Websäit an digitale Plattformen (CMS, Datebanken, Partnerportaler).
  • Konzeptioun, Koordinatioun a Vermaartung vu saisonale Fräizäit- a Vakanzeprogrammer.
  • Ëmsetzung vu Content-Strategië fir Online-Kanäl an Administratioun vun de Social-Media-Aktivitéiten.
  • Konzeptioun, Redaktioun a Verdeelung vu Print Publikatiounen an Informatiounsmaterial.
  • Fleeg a Qualitéitssécherung vun touristeschen Datebanken
  • Zesummenaarbecht mat Agencen, Gemengen an touristesche Partneren.
  • Organisatioun a Begleedung vu Presse- a Medienaktivitéiten.
  • Berodung an Ënnerstëtzung vu Gemengen a regionale Partner.

Äre Profil

  • Ganz gutt Sproochkenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen, Franséischen an Engleschen.
  • Ofgeschlossene Bachelor oder gläichwäerteg Ausbildung am Beräich Marketing, Kommunikatioun
  • Gutt Kenntnisser an der Betreiung a Weiderentwécklung vu Websäiten a Content-Management-Systemer, idealerweis TYPO3.
  • Ganz gutt Verständnis vun digitale Marketinginstrumenter an Online-Kommunikatiounskanäl.
  • Sécheren Ëmgang mat Social Media, Content-Produktioun an digitalem Storytelling.
  • Kenntnisser an der Analys an Auswäertung vu Web- a Campagnendaten;
  • Gutt Kenntnisser vu Canva fir d'Schafe vu Marketing- a Kommunikatiounsmaterial.
  • Führerschäin Klass B.
Wënschenswäert
  • Éischt Erfarunge mat E-Mail-Marketing-Tools, besonnesch Mailchimp
  • Erfarunge mat Google Analytics
Aarbechtszäit & Flexibilitéit
  • Deelzäit oder Vollzäitplaz Posten mat 20 (Minimum) bis zu 40 Stonnen d'Woch.
  • Geleeëntlech Owes- a Weekend Asätz am Kader vu Reuniounen, Foiren oder Eventer.
  • Flexibel a plangbar Aarbechtszäiten an engem dynameschen Team.
Mir bidden
  • Eng ofwiesslungsräich an verantwortungsvoll Positioun mat vill Gestaltungsspillraum.
  • Enkt Zesummeschaffe mat regionalen, nationalen an internationale Partneren.
  • E motivéiert Team a kuerz Entscheedungsweeër.
  • Flexibel Aarbechtskonditiounen.
  • Een interessant Gehalt

Kandidaturen:

  • Deelt eis mat u wéi vill Stonnen d’Woch dir interesséiert sidd
  • Schéckt Äre CV an Äert Motivatiounsschreiwes u c.turmes@visitguttland.lu