Glittergirl
Glittergirl
.
Glittergirl ass e pluridisziplinär Theaterstéck baséiert op D’ Stäeremënzen vun de Gebridder Grimm. Dat jonkt Milly fënnt verschidden, interessant Objeten am Bësch, mee hatt hellt se net fir sech eleng mee deelt se oder gëtt se u Leit weider déi se villäicht méi brauchen ewéi hatt. Hatt hëlleft dem léiwe Fränz deen Honger huet a keen Doheem méi huet mee hatt muss oppassen dass dat strengt Ginette et net mierkt. Befanne mir eis an dem Milly senger Dramwelt oder ginn et déi Personnagë wierklech? Kleng a Grouss kennen d’ Milly op senger fantastescher Rees begleeden. D’ Milly weist eis dass et wichteg ass empathesch ze sinn a Matgefill ze hunn an eiser hautdesdaags echbezunner Gesellschaft an dass een d’ Kanner soll dreeme lossen.
.