When? Saturday 14.03.202620:00 - 22:30

Theater "Trouble am Buttek"

Where? 36, rue de Hagen, L-8381 KLEINBETTINGEN Theatre, Film & Shows

Theater "Trouble am Buttek"

D’Harmonie Klengbetten invitéiert op hir Theatervirstellung am Hispic tëschent Hoen a Klengbetten.

 

Trouble am Buttek - een Dräiakter vum Winnie Abel, iwwersat vum Annette Thielen.

 

Bis elo hunn déi zwou Verkeeferinnen, d’Gina an d’Nicole, am Buttek "Grande Étoile " e rouegt Liewe gefouert. Et sinn zwar ni vill Clienten do, an ausser dem reegelméissege Besuch vum Här Watgen, huet kee si gestéiert.

Och d'Präsenz vun der Mme Josette, déi streng ob hir Toiletten oppasst, ass kee Probleem. Just eng lästeg "Klima-Pechesch" suergt kuerz fir Opreegung.

Lo ass et awer eriwwer mat der Rou: de Carsten Maschmaurer, am Optrag vum Här de Grande Étoile, soll dem Misär am Buttek en Enn maachen. Dofir kuckt hien deenen zwee genee op d’Fanger. Wa si net wëllen hire Job verléieren, musse si sech eppes afale loosse fir ze weisen, dass si super Verkeeferinne sinn. Dass de Maschmaurer doriwwer eraus nach aner Pläng huet, gëtt een eréischt no an no gewuer.

Awer da mécht den Här de Grande Étoile selwer, mat Hëllef vun den zwou Verkeeferinnen, him e Stréch duerch d’Rechnung...

.

 

D’Opféierunge sinn den :

14.03.2026 um 20.00 Auer

15.03.2026 um 17.00 Auer (ausverkaf)

18.03.2026 um 20.00 Auer

21.03.2026 um 20.00 Auer

22.03.2026 um 17.00 Auer

.

 

Reservatioun: 621 174 381 oder info@hklb.lu

Entrée : 12€ Erwuessener / 8€ Kanner

 

Regie : Nicole Tomasina

 

Organiséiert vun der Harmonie Klengbetten asbl.

Weider Informatiounen ënnert www.hklb.lu

Price information
min.8.00€
min.8.00€
©echo.lu
Next events
Sunday 15.03.202617:00 - 19:30
Wednesday 18.03.202620:00 - 22:30
Saturday 21.03.202620:00 - 22:30
Sunday 22.03.202617:00 - 19:30
Show allShow less

Location

Address: Salle "Hispic" Kleinbettingen
36, rue de Hagen
L-8381 KLEINBETTINGEN
Show on map


Content delivery by ECHO - Information subject to change and without commitment!

Do you want to announce your events in the agenda? Create, manage and share your own experiences at www.echo.lu/en/organiser.