Kupfer Schmuck Schmiedekurs
Kupfer Schmuck Schmiedekurs
Als Handwierkerin a Handwierkskënschtlerin schaffen ech zënter Jore mat verschiddene Materialien a kreativen Techniken. Besonnesch d’Aarbecht mat Koffer faszinéiert mech duerch seng Villfältegkeet an déi eenzegaarteg Strukturen, déi dobäi entstinn. Am Koffer-Workshop léiers du verschidden Technike wéi schweessen, hummeren a formen. Zum Schluss kanns du deng Kreatioune mat Pärelen oder Unhänger kombinéieren an deng eegen eenzegaarteg Schmuckstécker hierstellen. Dobäi kanns du deng Kreativitéitfräi lafe loossen an deng eegen Iddien ëmsetzen.
Fir Fraen ab 14 Joer.