DIY Handwierk Workshop
DIY Handwierk Workshop
.
Als Handwierkerin an ausgebilt Industrie-Mechatronikerin hunn ech scho vill verschidde Projete realiséiert. Privat hunn ech en Tiny House gebaut a sinn aktuell dobäi en ale Bauerenhaff ze renovéieren. A mengen DIY-Handwierksworkshops léiers du an enger entspaanter Atmosphär den Ëmgang mat Wierksgeschier a Maschinnen a gestalts deng eege Deko-Objeten oder kleng Miwwelstécker. Et ass mir wichteg, Fraen e sécheren an inspiréierende Raum ze bidden, wou si Neies ausprobéiere kënnen, Selbstvertrauen entwéckelen an d’Freed um Selwermaachen entdecken — an dobäi mat neien Erfarungen an hiren eegene gebauten Objeten nees heem ginn
.