BarkaBach
Theatralesche Concert fir Familljen a Kanner vu 4 Joer un
Eng franséisch-italieneesch Harfespillerin, eng italienesch Violinistin an e Perkussionist aus Burkina Faso ginn zesummen op eng spilleresch a witzeg musikalesch Rees. Op hirem Wee entdecken si eng Insel voller interessanter Schätz: Instrumenter, bekannt oder onbekannt, déi si zum spillen, erfannen an deelen invitéieren.
Mee zesumme spillen ass net ëmmer einfach!
Heiansdo gëtt ee matgerappt, an heiansdo kënnt ee vum Wee of…bis eng ongewéinlech Klack op eemol d’Zäit unhält – ouni d’Saach onbedéngt nees an d’Rei ze bréngen.
Glécklecherweis kënnt de Publikum zur Rettung, fir e bëssen Harmonie an hir Aventure ze bréngen. BarkaBach ass e rhythmescht Spill fir matzemaachen, dat Frëndschaft, Dialog tëscht de Kulturen an d'Freed un der gemeinsamer Musek feiert.
Tëscht Laachen, Danz an Improvisatioun treffen afrikanesch Rhythmen op Bach, Debussy a Mandinka-Melodien, a flechten eng gemëscht a poetesch Klangrees.
»Barka« heescht „Merci“ op Mooré, enger vun de Sproochen, déi am Burkina Faso geschwat gëtt. „Bach“ erënnert eis un déi bekannte Komponistefamill aus der Barockzäit. „Barka“ heescht awer och „Boot“, also „barca“ op italieenesch, der Mammesprooch vun den zwou Musikerinnen.
.
.
Eng Koproduktioun vum Brucknerhaus Linz an der Wiener Jeunesse mat Ennerstëtzung vu Pro Helvetia an der Ernst Göhner Stëftung.
Alter: 5+
Dauer: ca. 50 Min.
Eleonora Savini ǀ Violine a Beweegung
Estelle Costanzo ǀ Harfe a Beweegung
Téné Ouelgo | Percussioun & Danz
Dan Tanson | Bühnendirektioun
Emilie Cottam | Kostümer
Klaudia Wolfsteiner | Liichtkonzept & Produktiounsmanagement
Eng Koproduktioun vum Brucknerhaus Linz a Wiener Jeunesse, mat Ënnerstëtzung vun der Pro Helvetia an der Ernst Göhner Stëftung