Wann? Samstag 26.09.202613:00 - 14:00 Uhr

Digital Hëllefsmëttele ronderëm d’Lëtzebuerger Sprooch

Wo? 2, montée Willy Goergen, L-7322 Steinsel Andere

interaktiv Konferenz

D’Lëtzebuerger Sprooch ass haut och an der digitaler Welt ukomm. An dëser Konferenz léiert Dir déi verschidden digital Hëllefsmëttele vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) kennen a kritt en Abléck doranner, wéi dës am Alldag kënne genotzt ginn. Den Optakt maachen de bekannte Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) an de Spellchecker, mat deem Dir automatesch d’Orthografie vun Ären Texter kënnt iwwerpréiwen. Weider geet et mat der Sproochmaschinn, enger KI-Plattform, mat där sech esouwuel geschwate Sprooch an e geschriwwenen Text ëmwandelen (Speech-to-Text) ewéi och e geschriwwenen Text haart virliese (Text-to-Speech) léisst. Zum Schluss geheie mir zesummen e Bléck op den Orthotrainer, deen et Iech erméiglecht, d’Lëtzebuerger Orthografie online ze entdecken an Är Schreifkompetenzen ze verbesseren. Konferenz vu 45 Minutten, déi vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch organiséiert gëtt. Gratis Entrée steinsel.lu/lieu/galerie-am-duerf/ The Luxembourgish language has now also arrived in the digital world. In this conference, you will get to know the various digital tools of the Centre for the Luxembourgish Language (ZLS) and gain insight into how they can be used in everyday life. The presentation begins with the well-known Luxembourgish Online Dictionary (LOD) and the Spellchecker, which lets you automatically check the spelling of your texts. Next up is the Sproochmaschinn, an AI platform that allows you to both convert spoken language to written text (speech-to-text) and read a written text aloud (text-to-speech). Finally, we will take a look together at the Orthotrainer, which allows you to discover Luxembourgish orthography online and improve your writing skills. 45-minute conference organized by the Center for the Luxembourgish Language Free admission steinsel.lu/lieu/galerie-am-duerf/ La langue luxembourgeoise a désormais fait son entrée dans l'univers numérique. Lors de cette conférence, vous découvrirez les différents outils numériques proposés par le Centre pour la langue luxembourgeoise (ZLS) et apprendrez comment les utiliser au quotidien. La présentation commence par le célèbre Dictionnaire en ligne luxembourgeois (LOD) et le "Spellchecker", qui vous permet de vérifier automatiquement l'orthographe de vos textes. Vient ensuite la "Sproochmaschinn", une plateforme d’intelligence artificielle qui vous permet à la fois de convertir la parole en texte écrit (reconnaissance vocale) et de lire un texte écrit à voix haute (synthèse vocale). Enfin, nous découvrirons ensemble l’Orthotrainer, qui vous permet d’apprendre l’orthographe luxembourgeoise en ligne et d’améliorer vos compétences en écriture. Conférence de 45 minutes organisée par le Centre pour la langue luxembourgeoise Entrée libre steinsel.lu/lieu/galerie-am-duerf/

©echo.lu
Die nächsten Termine
Samstag 26.09.202613:00 - 14:00 Uhr

Veranstaltungsort

Adresse: Steinsel - Galerie am Duerf Robert Daleiden
2, montée Willy Goergen
L-7322 Steinsel
Auf Karte anzeigen
©echo.lu

D’Lëtzebuerger Orthografie

interaktiv Konferenz
Mehr erfahren


Der Inhalt wird von ECHO zur Verfügung gestellt – Alle Angaben ohne Gewähr!

Möchten Sie Ihre Veranstaltungen im Agenda veröffentlichen? Verwalten Sie und veröffentlichen Sie Ihre eigene Erlebnisse auf www.echo.lu/de/organiser.