Wann? Samstag 23.01.202720:00 - 22:00 Uhr

Alles a Fränjelen

Wo? 145, Route de Trèves, L-6940 Niederanven

Cabaret vum a mam „Kabaret Sténkdéier“

Dieser Text existiert nicht auf Deutsch.

Alles a Fränjelen

De Programm 2026/27 vum Kabaret Sténkdéier

D’Operatioun ass gelong, de Patient ass dout!

.

Europa ass ugezielt an hänkt an de Seeler, den transatlanteschen Dram ass ausgedreemt. Lénks a riets gi mer iwwerholl. Op wie kanns de dech nach verloossen, wie klaut der d’Sue schonns aus der Täsch? De Klimawandel ass aus de Schlagzeilen, dofir awer net vum Dësch, a vill ze spéit hu mir geschnallt, wéi ofhängeg mir wierklech sinn. Vun engem Moment op deen anere war alles a Fränjelen an elo reiwe mir eis d’Aen a verstinn d’Welt net méi.

Egal ob Gesondheets-, Pensiouns-, Steierreform, bezuelbare Wunnraum oder unisex Toiletten; och dës Koalitioun huet, esou wéi déi virdrun, d’Problemer vun de Leit net geléist an de Mann mam Hummer ass ënnerwee. De Bettel knipst Selfië mat sengem Dackel, de Frieden palavert ouni datt eppes nokënnt an de Rescht vun der Koalitioun hänkt um Baxter.

A mat enger Oppositioun, déi hiren Numm net verdéngt huet, ass Besserung och net a Siicht. Egal ob rout, gréng oder wat och ëmmer, all hu se genuch mat sech selwer ze dinn. Esou kritt d’Zukunft vum Land, grad ewéi den ëffentlechen Transport, ëmmer méi Retard. Oder kënnt Dir d’Piraten nach eescht huelen?! E Land, dat sech esou Politiker leescht, muss sech net wonneren.

Mee grad elo zielt et! Wie fléckt d’Téitschen an eiser Realitéit? Wann alles a Fränjelen ass, de Kapitalismus grad esou wéi de Kommunismus ausgedéngt hunn, dann ass eis Zäit komm: Ironie, Satir, Sarkasmus an nei Hoffnung an Zouversiicht fir Lëtzebuerg! De Kabarettismus iwwerhëlt elo d’Rudder!

.

A wie kéint dat besser wéi de Kabaret Sténkdéier! Wéini, wann net elo?! Alles a Fränjelen, een Owend, dee wéi deet, wann et néideg ass, an dee wiermt, wann et méiglech ass.

Mam: Conny Braquet, Joëlle Muller, Irène Zeimes, René Engel, Luc Schumacher 

Texter & Regie: Roland Meyer

Musek: Camille Nanquette

Regieassistenz: Bruna Gorza, Joe Heintzen

Inspizienz: Joe Heintzen

Foto: Claude „Sibi“ Sibenaler

Links

Internetseite: https://www.stenkdeier.lu/

Facebook: @kabaret.stenkdeier

Youtube: @sibcl7

Preisinformation
ab1,50€
Ticket buchen
ab1,50€
©5 Photo officielle Alles a Franjelen Kabaret Stenkdeier Programm 2026 27 large 1024x683 Claude Sibenaler
Die nächsten Termine
Samstag 23.01.202720:00 - 22:00 Uhr

Veranstaltungsort

Adresse: Kulturhaus Niederanven
145, Route de Trèves
L-6940 Niederanven
Auf Karte anzeigen
©09112025 Caro Line M0006 DSC1781

Coppélia - Eng ongewéinlech Popp

Musiktheater - Kammerata Luxembourg
Mehr erfahren
©12 WS KERAMIK Ouni

Keramikmalwerkstatt

Kreativworkshop für Kinder & Erwachsene
Mehr erfahren
©Splash c Ursula Kaufmann

SPLASH!

Musiktheaterperformance - Theater Marabu
Mehr erfahren
©Andy strauss by sebastian schuster

Slam Soirée DeLux

Moderiert von Andy Strauß
Mehr erfahren
©Th T OUBLIE MOI Eric Engel

Oublie-moi

Theater nach „In other words“ von Matthew Seager
Mehr erfahren
©14 WS AQUARELL ANFANGER Blumen Agnieszka Strzebinczyk

Aquarell für Erwachsene - Anfängerkurs

Malkurs mit Agnieszka Strzebińczyk
Mehr erfahren
©BOOKS MORE OUNI

Books & More: La poésie au féminin

Organisiert vom KulturTeam Niederanven
Mehr erfahren
©Whathappened Picasso Alexander Pitzius

Traces d'outils

Ausstellung von Alexander Pitzius
Mehr erfahren
©MG 1237 HD ok Sylvie Goussopoulos

Les Petits Touts (Die kleinen Dinge)

Zirkus mit Naturmaterialien - Cie Blabla Productions
Mehr erfahren


Der Inhalt wird von ECHO zur Verfügung gestellt – Alle Angaben ohne Gewähr!

Möchten Sie Ihre Veranstaltungen im Agenda veröffentlichen? Verwalten Sie und veröffentlichen Sie Ihre eigene Erlebnisse auf www.echo.lu/de/organiser.