Uleedung: Eng Facebook-Säit uleeën

  1. Op Facebook aloggen
    • Gitt op www.facebook.com a logged Iech mat Ärem privaten Facebook-Account an.
    • Wann Dir nach kee Konto hues: als éischt e perséinleche Profil uleeën (dat ass néideg, soss kënnt Dir keng Säit erstellen).
  2. Säit erstellen
    • Klickt am Menü lénks op Säiten.
    • Duerno op + Nei Säit erstellen.
  3. Grond-Infoen uginn
    • Numm vun der Säit: z. B. Är Entreprise, Projet oder Veräin.
    • Kategorie: 1–3 passend Kategorien auswielen (z. B. „Berodung“, „Konscht & Ënnerhalung“, „Non-Profit-Organisatioun“).
    • Beschreiwung: e kuerze Saz, ëm wat et geet.
  4. Profil- & Titelbild eroplueden
    • Profilbild = Logo oder Foto.
    • Titelbild = e Bild, Är Organisatioun, ASBL,… representéiert
  5. Kontakt-Infoen ergänzen
    • Adress, Telefon, Websäit oder Ouvertureszäiten (wann et der ginn).
    • Esou vill wéi méiglech ausfëllen = méi professionell.
  6. Säit verëffentlechen
    • Wann d’Basis steet, klickt op Verëffentlechen.
    • Kee Stress: et kann een alles och zu engem spéideren Zäitpunkt upassen.