Liesung mam Samuel Hamen mat musikalescher Begleedung vum Georges Goerens a Kollaboratioun mam Centre national de littérature
Liesung mam Samuel Hamen mat musikalescher Begleedung vum Georges Goerens a Kollaboratioun mam Centre national de littérature
De Schrëftsteller Samuel Hamen liest den 20. Oktober aus sengem Wierk, dorënner aus sengem leschte Buch LTZBG., dat dräi Monologe versammelt vu Leit, déi zu Lëtzebuerg méi ze verléiere wéi ze gewannen hunn. Ma och aus méi ale Bicher wäert den Auteur virdroen, notamment aus dem Erzielband Zeeechen, deen 2020 mat dem Lëtzebuerger Buchpräis .ausgezeechent gouf. Och säin Debütroman V wéi vreckt, w wéi Vitess däerf net feelen. Et ass e Parcours duerch d’Lëtzebuerger Realitéiten, duerch déi schéin an traureg, duerch déi batter a glécklech Amenter, déi d’Liewen am Grand-Duché prägen. Begleet gëtt de Samuel Hamen vum Singer-Songwriter Georges Goerens, deen op der Gittar den Texter eng zousätzlech musikalesch Dimensioun bäigëtt.