Dee gréisste Schatz
Summerdream Festival 2026
Virverkaaf ab dem 15.07.2026 ab 10h00.
21:00, 21:45, 22:30
.
Dee gréisste Schatz
Theaterstéck fir Grouss a Kleng (ab 8 Joer) (LU) - Baséierend op verschiddene Lëtzebuerger Legende
Loosst Iech entféieren a verzauberen an dësem Theaterstéck, begleet d’Henriette an d’Bëschwiichtel op wichteger Missioun duerch de Magic Forest. Geléngt et Iech zesumme mat deenen aneren Zuschauer, d’Henriette virum Verdierfnis ze retten an dee gréisste Schatz iwwerhaapt ze entdecken, dee viru laanger Zäit do anzwousch an der Géigend verstoppt ginn si soll?
Text & Regie: Mady Weber
Mat: Laura Trierweiler a Jugendlechen aus dem TNL Jugendclub
Liichtinstallatioun: Aktikulti
Dauer : 30’
Treffpunkt: Info Point (5 Minutte virum Ufank vun der jeeweileger Theatervirstellung) Virverkaf vum 15. Juli 2026 un iwwer den nationalen Ticketservice „luxembourgticket“. Reschtticketen an der Oweskeess (ab 14:30).