MAGIC KINGDOM – Disney in Concert
MAGIC KINGDOM – Disney in Concert
„MAGIC KINGDOM – Disney in Concert“
.
Kommt mat eis mat op eng Rees an déi verzaubert Welt vun der Disney-Musek!
.
D’Harmonie Klengbetten invitéiert de 15. November op en onvergiesslechen Owend voller bekannter Melodien, déi zanter Joerzéngte Filmgeschicht geschriwwen hunn. Vun zäitlose Klassiker bis hin zu méi moderne Lidder, vu Mary Poppins bis Encanto, vu Schneewitchen bis Narnia – loosst Iech verzauberen a genéisst d’Magie vun der Musek, déi Generatioune gepräägt huet.
En Owend fir déi ganz Famill – voller Erënnerungen an Emotiounen !
Programm:
1. Deel - Harmonie Klengbetten mat hirem Schülerensemble
2. Deel - Harmonie Klengbetten
Dirigéiert vum: Rob Köller
Plaz: Centre culturel „Keeseminnen“ zu Stengefort
Ufank: 20:00 Auer (Dieren sinn ab 19:00 Auer op).
Ticketpräis: 12€ (10€ fir d’Studenten), Kanner bis 12 Joer si gratis.
Eng Reservatioun vu Plazen ass net méiglech.
Mir géifen eis freeën iech dee flotte Programm virzestellen!
Org.: Harmonie Klengbetten ënnert dem Patronage vun der Gemeng Stengefort