DISNEY fir déi Kleng
Matmaach Concert fir Kanner
DISNEY fir déi Kleng
.
Matmaach Concert fir Kanner
Kanner opgepasst! Kommt mat an d’Zauberwelt vun Disney a sangt, klappt an danzt mat der Klengbettener Musek! Bekannte Melodien aus Disney-Filmer maachen dëse Matmaach-Concert zu engem richtege Fest fir déi Kleng – an och fir déi Grouss. Eng frëndlech Famillje-Stëmmung ass garantéiert!
.
Dëse Concert ass eng interaktiv Museksrees a riicht sech speziell u Kanner, mat enger Selektioun vu Lidder vum grousse Showconcert vum Dag virdrun.
Direktioun: Rob Köller
Plaz: Centre culturel „Keeseminnen“ zu Stengefort
Ufank: 15:00 Auer (Dieren sinn ab 14:00 Auer op).
Dauer: 45min
Den Entrée ass GRATIS.
Eng Reservatioun vu Plazen ass net méiglech.
Organiséiert vun der Harmonie Klengbetten ënnert dem Patronage vun der Gemeng Stengefort